Mustiken: Rotschléi fir d’Bevëlkerung

Print Friendly, PDF & Email

Wosst dir schonns?

D’Mustike déi eis picken oder péngegen bewege sech net wäit. Si sinn dacks direkt an eisem Ëmfeld opgewuess. Déi bescht Method fir se lass ze ginn an net méi gepickt ze ginn ass et, fir ronderëm eis Häiser d’Plazen ze reduzéieren, wou d’Moustiquen hir Eeër kënne leeën.

Rotschléi fir d’Eliminatioun vu Mustikslarven ronderëm d’Haus

Prinzip: kee stoend Waasser = keng Mustiken!

  1. Spillsaachen a Behälter: Spillsaachen, Eemeren, Dëppen, Vasen, Poubellen, Schubkaren, Pneuen an all Objet, dee Reewaasser usammele kann, ënnerdaach raumen.
  2. Bassengen a Piscinnen: regelméisseg Wänn botzen an doudeg Blieder rafen.
  3. Blummendëppen: Ënnersetzer 1 Mol d’Woch eidel maachen a botzen; oder mat Sand fëllen a moderat netzen, sou datt sech kee Waasser dra sammelt.
  4. Sprangburen, Fudderkéimp a beweeglech Schwämmen: op mannst 1 Mol d’Woch Waasser wiesselen a botzen.
  5. Reewaasserbehälter: mat Deckel, Mustiksnetz oder Stoff bedecken; ëmdréinen, wa se net am Asaz sinn.
  6. Kullangen, Ofwaasserkanäl a flaach Diech: fir e gudde Waasseroflaf suergen.
  7. Baatschen (z.B. iwwer Brennholz): esou leeën, datt de Reen gutt ofleeft a keng Pill entstinn.
  8. Pill & Verdéiwungen: Besäitege vun den Ongläichheete fir d’Formatioun vun dauerhafte Pill ze vermeiden.
  9. Naturno Weieren: gerénge Risiko, enthale vill Déieren (Libellen, Amphibien, Fësch, asw.); regelméisseg Blieder aus dem Weier a ronderëm rafen.

Depliant fir erofzelueden

  • Ries, C. & F. Schaffner, 2019. Conseils pour éliminer les gîtes larvaires de moustiques autour de son habitation. Dépliant en 4 langues (FR, LB, DE, PT), 2 p. Éditeurs: Musée national d’histoire naturelle, Direction de la santé (MS), Département de l’environnement (MECDD) [PDF 1.5 MB]

 Page content last updated on 2020-09-07.